Autres sites

Pilotprojet fir de legalen Accès zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker

D’Regierung huet wëlles, de Konsum z’encadréieren an d’Risike grad ewéi d’Schied, déi domat zesummenhänken, ze reduzéieren, andeems den Zougank zu Cannabis fir de Fräizäitkonsum reglementéiert gëtt.

Dës Entscheedung gouf opgrond vun engem demokratesche Virgang geholl a s’entsprécht enger aktiver a konstruktiver Approche am Beräich vun der Santé publique, déi engem politesche Wëlle follegt fir e Gläichgewiicht tëscht der Präventioun, der Reduzéierung vun de Risiken an der Kriminalitéitsbekämpfung ze fannen.

Firwat?

Trotz senger Illegalitéit an der Duerchféierung vu repressive Moossnamen, ass et eng Tatsaach, datt Cannabis déi meescht konsuméiert onerlaabt Substanz zu Lëtzebuerg ass.

Dowéinst sinn d’Verbraucher verstäerkte Gesondheetsrisiken ausgesat. Am Cannabis an a vergläichbare Produkter, déi um Schwaarzmaart verkaf ginn, ass den THC-Gehalt an de leschte fofzéng Joer signifikant an d’Luucht gaangen. D’Qualitéit ass ongewëss (Veronrengungen, Kontaminatiounen, Gëftstoffer, Pestiziden, Streckmëttel asw.) an et gëtt festgestallt, datt et weeder en zouverlässegen Unhaltspunkt iwwer den THC-Gehalt nach weider Moosswäerter fir d’Qualitéit vun de Produkter ginn, déi vum illegale Maart kommen.

Am Kader vun engem Konzept vun ëffentlecher Gesondheet an Eegeverantwortung wëllt déi aktuell Regierung, déi eng méi verantwortlech Politik virzitt, elo eng Gesetzgeebung ëmsetzen, déi d’Entkriminaliséierung, d’Produktioun, de Besëtz an de Fräizäitkonsum vu Cannabis am perséinleche Beräich vun erwuessenen Awunner am Land reegelt.

Eegeverantwortung

Santé publique

Entriminaliséierung

politesche Wëllen

Fir wien ?

An enger éischter Phas soll et erlaabt ginn, fir bis zu véier Cannabispflanzen fir de Fräizäitkonsum bei sech doheem unzeplanzen.

An enger spéiderer Phas gëtt et méiglech, Cannabis op ëffentleche Verkafsplazen ze kafen, dëst awer nëmme fir Erwuessener, déi zanter op d’mannst sechs Méint zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, an zwar ausschliisslech fir de perséinleche Gebrauch. ‘t sief drop higewisen, datt pro Mount e Grenzwäert vun drësseg Gramm gedréchente Cannabis pro Client festgesat gëtt. Grenzgänger oder Touriste wäerte sech kee Cannabis op deene Verkafsplazen beschafe kënnen. Mat deene Moossname wëll Lëtzebuerg verhënneren, datt op sengem Territoire Cannabistourismus entsteet.

Et wäert verbuede sinn, Cannabis a Cannabisnieweprodukter op ëffentlechen an/oder ëffentlech zougängleche Plazen ze konsuméieren. Dat selwecht gëllt fir Plazen, wou et verbueden ass ze fëmmen (Tubak an elektronesch Zigaretten). Dës Bestëmmung huet d’Ziler, d’Belästegung am ëffentleche Raum ze beschränken an dat passiivt Anootme vu potentiell psychoaktivem Damp duerch Net-Konsumenten ze verhënneren grad ewéi enger Banaliséierung vum Cannabisverbrauch oder engem Noloosse vum Wouerhuele vun de Risike bei jonken oder manner jonke Matmënschen entgéintzewierken. Déi selwecht Reegele wäerten och fir sämtlech aner Cannabisprodukter mat engem THC-Gehalt vu manner ewéi 0,3% gëllen.

Sämtlech pertinent Richtlinnen, déi de Verbrauch vun Tubak an Alkohol op der Aarbechtsplaz betreffen, sollen ugepasst ginn an och de Verbrauch vun net medezineschem Cannabis betreffen. Ausserdeem soll wärend dem Ausübe vu professionellen Aktivitéiten eng Null-Toleranz-Reegel fir déi follgend Beruffer gëllen (onvollstänneg Oplëschtung).

  • Beruffsgruppen: Piloten, Polizisten, Chirurgen, Prisongspersonal, Beruffschaufferen asw.
  • Reegelungen am Prisong (entspriechend de Reegelungen, déi den Alkohol an engem Prisong/an engem “Centre de rétention” betreffen, asw.)

NËMME FIR ERWUESSENER

ZU LËTZEBUERG UGEMELLT SINN

JUST FIR DE PERSÉINLECHE GEBRAUCH

VERBRAUCH OP ËFFENTLECHE PLAZE VERBUEDEN

Wéi ?

Nëmmen op staatleche Verkafsplaze

De Verkaf vu Cannabis wäert ausschliisslech op staatleche Verkafsplaze stattfannen.

An der Ufanksphas wäert hir Zuel begrenzt sinn. D’Verdeelung vun deene Verkafsplaze muss eng gewëssen Homogenitéit a geographescher Hisiicht anhalen, zousätzlech zu där, déi d’Awunnerzuel betrëfft. Domat geet et drëm, en interne Cannabistourismus zu Lëtzebuerg ze vermeiden.

D’Verkafsplaze sinn ausschliisslech fir de Verkaf vu Cannabis fir Fräizäitkonsum bestëmmt. De Staat oder Gesellschafte mat enger uerdnungsgeméisser staatlecher Lizenz wäerten als exklusiv Fournisseure vun deene Verkafsplazen optrieden, mat engem vum Staat festgeluechte Präis. An dësem Präis sinn d’Verpakung an de gesécherten Transport bei d’Verkafsplazen abegraff. Keen anere Fournisseur gëtt fir Cannabis fir de Fräizäitkonsum toleréiert. Et bléien déi direkt Annuléierung vun der Lizenz grad ewéi zivil a strofrechtlech Ukloen.

D’Iwwerpréiwe vun de Rechter vun de Clientë leeft iwwer en Informatiounssystem, dee vum CTIE (Centre des technologies de l’information de l’Etat) geliwwert gëtt.

De Verkaf wäert ausserhalb vun den nationale Verkafsplazen net méiglech sinn, grad esou wéineg ewéi den Onlineverkaf oder d’Liwwerdéngschter. Sämtlech staatlech Verkafsplaze mussen d’Ufuerderungen, déi am Cahier des Charges festgeluecht sinn, anhalen. D’Produktioun an de Verkaf vu fäerdeg gedréinte Cannabiszigaretten (Jointen) wäerte verbuede sinn.

Déi ganz Produktiounsketten, dat heescht d’Produktioun, den Transport, d’Ausliwwerung an de Verkaf, gëtt vum Staat gereegelt a kontrolléiert. (Méi iwwer d’Produktioun [Link FAQ 5])

Et si streng administrativ a strofrechtlech Sanktioune virgesinn, fir déijéineg ofzeschrecken an ze bestrofen, déi sech net un de gesetzleche Kader halen.

VERKAFSPLAZE MAT ENGER LIZENZ

VUM STAAT FESTGELUECHTE PRÄISSER

INFORMATIOUNSSYSTEM

GEREEGELT PRODUKTIOUN

Wéini ?

  1. Etapp | Eegenubau an Dekorrektionaliséierung vu klenge Quantitéiten

2022, 22. Juni: Areeche vum Gesetzprojet n° 8033 “portant modification de la loi modifiée du 19 février 1973 concernant la vente de substances médicamenteuses et la lutte contre la toxicomanie”

2023, 28. Juni: Vott vum Gesetzprojet n° 8033

2023, 21. Juli: Akraafttriede vum Gesetz

 

  1. Etapp | Pilotprojet fir de legalen Accès zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker

2018, 3. Dezember: Ënnerschreiwe vum Koalitiounsaccord

2019-2021: Echange mat anere Länner, ewéi och mat internationalen Institutiounen (europäesch Kommissioun, International Organ vun der Drogekontroll (INCB)), Consultatioun vun internationalen an interdisziplinären Experten. Aarbechtsvisitten, besonnesch a Kanada an an Holland. Interministeriellen Aarbechtsgrupp: Recherchen an intensiv Aarbechten am Kader vun der Elaboratioun vum Cannabisprojet

2022, 15. Juli: Consultatioun op héijem Niveau vu verschiddene Memberstaaten vun der europäescher Unioun iwwert d’Reglementéierung vu Cannabis fir net-medezinesch Zwecker

2023, 21. Abrëll: Approbatioun vum Regierungsrot vum Pilotprojet fir de legalen Accès zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker

2023, 28. Abrëll: Presentatioun vum Pilotprojet fir de legalen Accès zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker

2023, 20. November: d’Ënnerschreiwe vum Koalitiounsaccord

(1) VIRBEREEDUNG VUN DER LEGALER BASIS

(2) LEGISLATIV PROZEDUR

(3) UNHUELE VUM GESETZ

(4) AKRAAFTTRIEDE VUM GESETZ

Méi dozou

A4_Brochure_Mockup_3-MG

Am PDF-Dokument fannt Dir méi Informatiounen zur Reglementéierung vum Kannabis fir net medizinesch Zwecker zu Lëtzebuerg.

Froen an Äntwerten

Op der Säit “Froen an Äntwerten” fannt Dir Äntwerten op déi meescht gestallte Froen iwwer Kannabis an iwwert d’Konzept vu Reglementéierung: Bestanddeeler, Risikofaktoren a Wierkunge vu Kannabis, and déi verschidde Modalitéiten an Dimensioune vun der envisagéierter Reglementéierung.