Autres sites

Froen an Äntwerten

DEEL I

GENERELL INFORMATIOUN ZUM CANNABIS

Cannabis bezeechent d’Planzen aus der Famill vun de Cannabaceae. An der Cannabisplanz sinn Honnerte chemesch Substanzen, dorënner méi wéi honnert Cannabinoiden, aromatesch Terpeenen a Flavonoiden.

D’Wierkung vum Cannabis entsteet opgrond vun den Effekter vun deene Cannabinoiden op biologesch “Ziler”, engem System mat besonnesche Rezeptoren a Moleküllen, déi sech am ganze mënschleche Kierper befannen, an déi zesummen als Endocannabinoidsystem bezeechent ginn.

Zwee Cannabinoide hunn déi meescht wëssenschaftlech Opmierksamkeet ervirgeruff. Den Delta-9-Tetrahydrocannabinol, dee gemengerhand THC genannt gëtt, ass dee wichtegste psychoaktiven Inhaltsstoff. Wann THC konsuméiert gëtt, huet en eng Wierkung op déi endogeen Cannabisrezeptoren am Gehier. D’THC-Wierkung entsteet opgrond vun engem Dosis-Reaktioun-Verhältnis. E staarke Konsum ass méi dacks mat engem negativen Impakt op d’Gesondheet an op déi sozial Situatioun verbonnen. Den zweete vun deene Cannabinoiden ass Cannabidiol (CBD). Zu Lëtzebuerg huet de Cannabis, deen um illegale Maart verfügbar ass, zwou Haaptformen:

  • Bléien,
  • “Haschisch”, deen aus dem Haarz vun de Cannabisplanze gewonne gëtt.

D’Konzept gesäit e streng gereegelte Verkaf vun dësen zwou Haaptforme vu Produkter vir: de gedréchente Bléien an dem Cannabishaarz.

Och wa Cannabis eng natierlech Substanz ass, ass en net harmlos. Mam Konsum kënnen et eng Rei Risike fir d’Gesondheet ginn. Weider Informatiounen iwwer d’Risiken, déi mam Cannabiskonsum verbonne sinn, fannt Der hei.

Cannabis besteet aus méi wéi 500 Substanzen, dorënner

  • Tetrahydrocannabinol (THC),
  • Cannabidiol (CBD).

An der Cannabisplanz sinn Honnerte chemesch Substanzen, dorënner méi wéi honnert Cannabinoiden, aromatesch Terpeenen a Flavonoiden. Zwee Cannabinoide hunn déi meescht wëssenschaftlech Opmierksamkeet ervirgeruff: Tetrahydrocannabinol (THC) a Cannabidiol (CBD).

Tetrahydrocannabinol (THC) ass dee wichtegsten aktiven Inhaltsstoff, dee bei enger Persoun, déi Cannabis konsuméiert, ënner anerem d’Bewosstsi verännert (psychoaktiv). Den THC, dee besonnesch an de gedréchente Cannabisbléie virkënnt, ass am natierlechen Zoustand net psychoaktiv. Fir datt en et gëtt, muss en decarboxyléiert ginn, zum Beispill doduerch, datt e gehëtzt gëtt.

Wat d’THC-Konzentratioun an engem Produkt méi héich ass, wat méi eng staark psychoaktiv Wierkung entsteet, an d’Risike beim Konsum méi grouss sinn. Wärend deene leschte Joerzéngten ass déi duerchschnëttlech THC-Konzentratioun am Cannabis kontinuéierlech an d’Luucht gaangen: vu 7% 2006 op 20% 2021.

An der Cannabisplanz sinn Honnerte chemesch Substanzen, dorënner méi wéi honnert Cannabinoiden, aromatesch Terpeenen a Flavonoiden. Zwee Cannabinoide hunn déi meescht wëssenschaftlech Opmierksamkeet ervirgeruff: Tetrahydrocannabinol (THC) a Cannabidiol (CBD).

Cannabidiol (CBD) ass eng weider Substanz, déi am Cannabis virkënnt, déi sech awer net wéi THC doduerch auszeechent, datt se d’Bewosstsi verännert. Dogéint hu sech an de leschte Joer Wëssenschaftler besonnesch fir CBD intresséiert, well e potenziell therapeutesch Eegenschaften huet.

Am Géigesaz zu där un THC ass déi duerchschnëttlech CBD-Konzentratioun am Cannabis zanter dem Ufank vun den 2000er Joer konstant erofgaangen. Doduerch ass en Ongläichgewiicht tëscht der THC- an der CBD-Konzentratioun am Cannabis entstanen.

Bei alle Konsumforme vu Cannabis besti Risike fir d’Gesondheet. Déi eenzeg Méiglechkeet, sämtleche Risiken aus dem Wee ze goen, ass keen ze konsuméieren. Wann een awer Cannabis konsuméiere wëll, soll een d’Risike fir seng Gesondheet doduerch reduzéieren, datt een déi follgend Faktoren an Informatiounen zur Kenntnis hëlt a säi Konsum entspriechend unpasst.

Nach haut ginn et ëmmer nees nei Erkenntnisser iwwer Cannabis a seng Wierkung. Déi meescht Leit, déi Cannabis konsuméieren, erliewe keng negativ Konsequenzen. Et schéngen awer verschidde Faktoren ze ginn, déi sou Konsequenze bei bestëmmte Persoune begënschtegen.

Risikofaktoren

Wéi schonn erwäänt, ginn et ëmmer Risiken, wa Cannabis konsuméiert gëtt.

Déi potenziell Risiken, déi mam Konsum vu Cannabis zesummenhänken, wuessen, wann

  • dem Cannabis seng Hierkonft onbekannt ass, an et weeder eng Qualitéitskontroll nach eng Kennzeechnung vum Produkt gëtt (THC- an CBD-Konzentratioun, Optriede vu Veronrengungen a Kontaminatiounen, Gebrauch vu Streckmëttel asw.),
  • de Cannabis eng héich THC- an eng niddreg CBD-Konzentratioun huet,
  • Cannabis op eng risikoräich Aart a Weis konsuméiert gëtt (zum Beispill wa Cannabis mat Tubak gefëmmt gëtt),
  • Cannabis am jonken Alter konsuméiert gëtt,
  • bei heefegem an intensivem Cannabiskonsum, besonnesch mat héijen THC- an niddregen CBC-Konzentratiounen.

E Mëssbrauchs- an/oder Suchtrisiko besteet besonnesch bei laang unhalendem Konsum mat staarken an heefegen Dosissen.

Et ass deemno noutwenneg, d’Optriede vu méigleche Symptomer ewéi engem Motivatiounsverloscht, enger Nervositéit wéinst Mangel, engem depressiven Zoustand, engem Réckzuch aus der Gesellschaft asw. am A ze behalen.

Dir hutt nach Froen zum Cannabis a senge Risiken? Mir recommandéieren Iech d’Hotline vum Centre National de Prévention des Addictions : + 352 49 77 77 – 55. De CNAPA schafft fir d’Preventioun vun Addictiounen a fir d’Promotioun vun der Gesondheet, dat duerch Informatioun, Sensibilisatioun, Formatioun, a Koordinatioun.

Fir follgend Persounen ass et besonnesch risikoräich, Cannabis ze konsuméieren, a fir si ass et net rotsam, Cannabis ze konsuméieren:

  • Fraen, déi erwaarden an/oder nieren,
  • Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener ënner 25 Joer, well Cannabis – jee nodeem a wéi engem Alter de Konsum ufänkt, wéi laang en dauert a wéi intensiv en ass – schiedlech Auswierkungen op verschidden Aspekter vun der mentaler, neuronaler an emotionaler Entwécklung kann hunn,
  • Patiente mat Suchtproblemer an/oder déi Substanze wéi Alkohol, aner Drogen oder Medikamenter konsuméieren,
  • Patiente mat enger (perséinlecher oder familiärer) psychiatrescher Virgeschicht,
  • Patiente mat enger Nieren- oder enger Liewerinsuffizienz,
  • Patiente mat enger virbestoender Häerzkrankheet,
  • eeler Leit, bettlägereg Patienten oder Leit mat ageschränkter Mobilitéit.

Zur Erënnerung: Fir all dës Bevëlkerungsgruppen ass et net rotsam, Cannabis ze konsuméieren.

Dir hutt nach Froen zum Cannabis a senge Risiken? Mir recommandéieren Iech d’Hotline vum Centre National de Prévention des Addictions : + 352 49 77 77 – 55. De CNAPA schafft fir d’Preventioun vun Addictiounen a fir d’Promotioun vun der Gesondheet, dat duerch Informatioun, Sensibilisatioun, Formatioun, a Koordinatioun.

Cannabis huet, besonnesch a sengen THC-räiche Formen, Niewewierkungen, déi vu Mënsch zu Mënsch extreem ënnerschiddlech sinn. Verzeechent goufe Stéierunge vum zentralen Nervesystem wéi Schwindel, Betäubung, Gediechtnes- an Opmierksamkeetsstéierungen, psychiatresch Stéierungen, besonnesch Stëmmungsschwankungen, Unzeeche vun Depressiounen an a bestëmmte Fäll Halluzinatiounen a psychotesch Stéierungen, grad ewéi Iessstéierungen, Problemer mam Mo a mam Daarm oder och nach Häerz-Kreeslaf-Problemer ewéi Häerzklappen oder méi e séieren Häerzrhythmus.

Additiv Effekter an Interaktioune mat Medikamenter

Bestëmmt Niewewierkunge vu Cannabis kënnen an Interaktioun mat Medikamenter verstäerkt ginn, déi eng neurologesch Wierkung hunn, ënner anere Benzodiazepinnen, Barbituraten, Opioiden, Antihistaminika, Muskelentspanungsmëttel an Antiepileptika. Et ass och staark dovun ofzeroden, Cannabis zesumme mat Alkohol ze konsuméieren oder e mat Tubak ze fëmmen. A béide Fäll ass de Konsum risikoräich.

Et ass festzestellen, datt zum jëtzegen Zäitpunkt wéineg wëssenschaftlech Date verëffentlecht goufen. Deemno sinn nach net all méiglech Interaktiounen tëscht Cannabis an anere Substanze bekannt.

Auswierkungen op d’Fäegkeet, mat engem Gefier ze fueren

Cannabiskonsum kann, besonnesch mat enger héijer THC-Konzentratioun, weesentlech Auswierkungen op den zentralen Nervesystem hunn, mat Schwindel an/oder Schléifregkeet. D’Urteelsverméigen an d’Ausféiere vun Handlungen, déi Geschécklechkeet verlaangen, kënnen deemno beanträchtegt ginn.

Dem geännerte Gesetz vum 14. Februar 1955 no, iwwer d’Reglementéierung vum Verkéier op sämtlechen ëffentleche Stroossen, “gëllen déi am Ofsaz 1 virgesinne Strofe fir all Chauffer vun engem Gefier, fir all Persoun, déi en Déier féiert, grad ewéi fir all Foussgänger, déi an en Accident verwéckelt sinn, a bei deenen eng vu follgende Substanze festgestallt gëtt: THC […] mat engem Serumspigel vun 1 ng/ml oder méi […]”.

An der Praxis entsprécht de gesetzleche Grenzwäert enger Nulltoleranz fir d’Fuere vu Gefierer ënner Cannabisafloss.

Dir hutt nach Froen zum Cannabis a senge Risiken? Mir recommandéieren Iech d’Hotline vum Centre National de Prévention des Addictions : + 352 49 77 77 – 55. De CNAPA schafft fir d’Preventioun vun Addictiounen a fir d’Promotioun vun der Gesondheet, dat duerch Informatioun, Sensibilisatioun, Formatioun, a Koordinatioun.

 

Referenz(en)

Gesondheetsministère (2022). Cannabis médicinal autorisé au Luxembourg: Informations pour les patients.Disponibel op https://sante.public.lu/fr/publications/c/cannabis-autorise-luxembourg.html

DEEL II

EEGENUBAU VU CANNABIS DOHEEM (ÉISCHTE SCHRËTT)

D’Legaliséierung vum Ubau doheem an d’Entkorrektionaliséierung vu klenge Cannabisquantitéiten op ëffentleche Plaze sinn eng éischt Etapp vun der Ëmsetzung vum experimentellen Dispositiv fir déi legal Beschafung vu Cannabis fir net medezinesch Zwecker.

D’Regierung huet sech fir eng Reglementéierung vum Cannabisubau doheem entscheet, fir de Konsum an d’Risike grad ewéi d’Schied, déi domat zesummenhänken, ze reduzéieren. Dës Entscheedung entsprécht enger aktiver a konstruktiver Approche am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet, déi engem politesche Wëlle follegt, fir e Gläichgewiicht tëscht der Präventioun, der Reduzéierung vun de Risiken an der Kriminalitéitsbekämpfung ze fannen.

Besicht den FAQ zum Ubau vu Cannabis doheem op cannabis-information.lu/eegenubau-vu-cannabis-doheem

An enger zweeter Phas wäert d’Regierung den experimentellen Dispositiv fir de legalen Zougrëff zum Cannabis fir netmedezinnesch Zwecker (D’Konzept) ëmsetzen.

DEEL III

PILOTPROJET FIR DE LEGALEN ACCÈS ZU CANNABIS FIR NET MEDIZINESCH ZWECKER (“D’KONZEPT” – ZWEETE SCHRËTT)

De Koalitiounsaccord vun der Lëtzebuerger Regierung fir d’Joren 2018-2023 gesäit Folgendes vir (S. 105).

Eng Gesetzgeebung iwwer de Fräizäitkonsum vu Cannabis gëtt virbereet. D’Haaptziler sinn d’Entkriminaliséierung vun der Produktioun um nationalen Territoire, vum Akaf, vum Besëtz a vum Fräizäitkonsum vu Cannabis am perséinleche Beräich vun erwuessenen Awunner, oder esouguer hir Legaliséierung ënner Bedéngungen, déi nach mussen definéiert ginn. Dat soll dozou déngen, d’Konsumente vum illegale Maart ewechzekréien, déi psychesch an déi physesch Geforen, déi domat zesummenhänken, zilstreebeg ze reduzéieren, an d’Kriminalitéit am Beräich vun der Beliwwerung ze bekämpfen. Duerfir soll eng national Produktiouns- a Verkafsketten ënner der Opsiicht vum Staat ageriicht an esou d’Qualitéit vum Produkt garantéiert ginn. De Gewënn vum Cannabisverkaf soll prioritär an d’Präventioun, an d’Sensibiliséierung an an d’Betreiung am grousse Beräich vun der Ofhängegkeet investéiert ginn.

Laut dem Koalitiounsaccord vun der lëtzebuergescher Regierung 2023-2028 (S. 100):

“Den Ubau vu Cannabis fir de perséinleche Gebrauch, wéi e gesetzlech gereegelt ass, gëtt bäibehalen. D’Regierung wäert d’Positioun zu der Legaliséierung vum Cannabis bei den dräi Nopeschlänner iwwerwaachen.”

D’Reglementéierung vun der legaler Beschafung vu Cannabis fir de Fräizäitkonsum vun erwuessenen Awunner vu Lëtzebuerg ass virun allem eng Entscheedung, déi engem Konzept vun ëffentlecher Gesondheet entsprécht. Si soll hëllefen, Léisungen ze fannen, fir besser mat engem nationale gesellschaftleche Problem ëmzegoen an d’Risike fir déi ëffentlech Gesondheet ze reduzéieren, déi mam Cannabiskonsum zesummenhänken, ouni awer d’Produkt ze banaliséieren.

Wa se Cannabis konsuméieren, dee vum illegale Maart kënnt, sinn d’Verbraucher verstäerkte Gesondheetsrisiken ausgesat. Am Cannabis an a vergläichbare Produkter ass den THC-Gehalt an de leschte fofzéng Joer signifikant an d’Luucht gaangen, wärend den CBD-Gehalt bedeitend erofgaangen, an de Präis stabil bliwwen ass[1]. D’Qualitéit vum Cannabis, deen et um illegale Maart gëtt, ass ongewëss (Veronrengungen, Kontaminatiounen, Gëftstoffer, Pestiziden, Streckmëttel asw.), an et gëtt festgestallt, datt et bei sou Produkter, déi aus engem illegalen Ëmfeld kommen, fir d’Konsumenten iwwerhaapt keen zouverlässegen Unhaltspunkt iwwer den THC- an den CBD-Gehalt gëtt.

D’Konzept schléit vir, datt d’Regierung sech a Saachen ëffentlech Gesondheet follgend grondleeënd Ziler setzt:

  • d’Qualitéit vum Produkt sécheren, dat op den ëffentleche Verkafsplaze verkaf gëtt (THC- an CBD-Konzentratioun, Veronrengegungen a Kontaminatiounen),
  • fir d’Sécherheet vum Produkt suergen (zum Beispill mat enger neutraler Verpakung a Warnetiketten),
  • de risikoräiche Konsum an d’Ofhängegkeet reduzéieren,
  • d’Heefegkeet an d’Intensitéit vum Cannabiskonsum reduzéieren, besonnesch wat de Cannabis mat héijen THC- an niddregen CBC-Konzentratioune betrëfft,
  • risikoräicht Konsumverhale reduzéieren (zum Beispill wa Cannabis mat Tubak gefëmmt gëtt),
  • den Alter, wou d’Initiatioun an de Cannabiskonsum stattfënnt, eropsetzen,
  • déi Jonk mat verstäerkte Preventiounsmoossnamen an engem reduzéierte Cannabiskonsum schützen,
  • d’Unzéiungskraaft an d’Verbreedung vu syntheetesche Cannabinoiden andämmen.

 

[1] Observatoire européen des drogues et des toxicomanies: Bulletin statistique 2018 – Prix, pureté et puissance

Am Konzept gëtt ausdrécklech op Sensibiliséierungscampagnen, Kommunikatioun an Opklärung gesat. Mat den Ziler, d’Gesondheet ze schützen an d’Präventioun ze fërderen, geet et besonnesch drëm,

  • d’Ëffentlechkeet betreffend Risiken a potenziell Schied fir déi kierperlech a geeschteg Gesondheet a fir d’Liewen an der Gesellschaft, déi mam Cannabiskonsum zesummenhänken, ze sensibiliséieren, besonnesch wann et sech ëm e reegelméissegen a risikoräiche Konsum handelt,
  • d’Ëffentlechkeet iwwer d’Ënnerschiddlechkeet vun der Cannabisqualitéit, iwwer déi psychoaktiv Wierkung beim Cannabiskonsum an iwwer d’Bedeitung vun de Konzentratiounen z’informéieren, besonnesch wat den THC- an den CBD-Gehalt betrëfft,
  • d’Konsumente mat Informatiounen iwwer d’Risiken, déi mat der Heefegkeet/Intensitéit vum Cannabiskonsum zesummenhänken, vun engem méi verantwortungsvollen Ëmgang z’iwwerzeegen,
  • d’Konsumenten ze informeren, datt et Konsummethode ginn, déi manner gesondheetsschiedlech sinn (mat Informatiounen iwwer d’Risiken, déi mam Polykonsum vu psychoaktive Substanzen zesummenhänken, zum Beispill wa Cannabis zesumme mat Alkohol konsuméiert oder mat Tubak gefëmmt gëtt),
  • de Konsumenten hir Eegeverantwortung, hir Entscheedungskompetenzen an hir Widderstandsfäegkeet ze stäerken, fir datt se verstänneg Entscheedungen treffe kënnen an d’Perspektiv gesinn, hiert Verhalen z’änneren a manner riskant Konsummethode virzezéien, mam Wëssen, datt dat Verhale mam geréngste Risiko d’Abstinenz ass,
  • méi Preventiounsprogrammer a méi Déngschtleeschtungen unzebidden, fir d’Risiken ze reduzéieren, an den Zougang verbesseren, besonnesch fir sozial benodeelegt Gruppen a fir Jonker,
  • verschiddenen Zilgruppe méi Berodung an e besseren Zougang zu stationären an ambulante Behandlungen

D’Konzept verfollegt och d’Zil, fir d’Konsumente vum illegale Maart a vun de kriminellen Netzwierker ewechzekréien, a fir déi organiséiert Kriminalitéit ze bekämpfen.

Weider Ziler, déi d’Konzept virschléit, fannt Dir ënnert der Fro 8.

Zousätzlech präventiv Moossnamen wäerten och ëmgesat ginn, fir Niewewierkunge fir déi individuell a fir déi ëffentlech Gesondheet ze reduzéieren, a fir besonnesch bei deene Jonken eng Banaliséierung vum Cannabis- a vum Tubakkonsum ze verhënneren. (Méi iwwer d’Präventioun ënnert der Fro 13).

Déi ganz Ketten – Produktioun, Transport, Ausliwwerung a Verkaf vum Cannabis – gëtt vum Staat gereegelt a kontrolléiert, mat engem “Seed-to-Sale”-System.

Produktioun

Et gëtt eng national Produktiouns- a Verkafsketten ageriicht.

Fir d’Ziler betreffend déi ëffentlech Gesondheet anzehalen, awer och fir d’Produktioun an déi national Produzenten z’iwwerwaachen, schléit d’Konzept fir déi ganz Ketten en nationaalt Kontrollorgan vir. Dat Organ soll och d’Aufgab hunn, duerfir ze suergen, datt genuch Cannabiszorte produzéiert ginn, fir ze vermeiden, datt d’Konsumenten op den illegale Maart (zeréck) ginn. Ausserdeem gëtt opgepasst, datt um nationalen Territoire keng Verbreedung vun egal wéi engen Zorte vun Ubau gefërdert gëtt.

Et ass wichteg, de Maart z’analyséieren a festzestellen, ob d’Offer duergeet, fir de Konsumenten hire Wënsch z’entspriechen, a sou eng Ënner-/Iwwerproduktioun oder en negativen Impakt op d’Entwécklung vun de Cannabiskonsummethoden ze vermeiden.

Deemno gëtt virgeschloen, héchstens zwou Produktiounslizenzen unzebidden. Eng Firma däerf héchstens eng Lizenz fir een eenzege Produktiounsstanduert kréien. Fir dorop Usproch ze hunn, mussen d’Firmen d’Qualitéitsufuerderunge vun den Autoritéiten erfëllen an d’Bedéngungen anhalen, déi an engem Cahier des Charges festgeluecht sinn. Déi Lizenzen erlaben ënner bestëmmte Bedéngungen den Ubau, d’Veraarbechtung an d’Ausliwwerung vu Cannabis fir de Fräizäitkonsum.

Zorten

Fir de Konsumenten hire Wënsch z’entspriechen, gëtt en ofwiesslungsräicht Sortiment um legale Maart ugebueden. D’Zorten, déi fir de Verkaf erlaabt sinn, ginn am Kader vun engem Marché public, deen d’Bedéngunge fir déi zwou Produktiounslizenze betrëfft, an engem Cahier des Charges festgeluecht.

Bei der Bestëmmung vun deene Produkter gëtt d’Offer um illegale Maart betruecht grad ewéi d’Risike beim Konsum vun deene verschiddene Cannabiszorten. Risiken, déi enk mat der THC- an der CBD-Konzentratioun zesummenhänken an déi staark vun der Konsummethod a vun der Doséierung ofhänken.

D’Produktioun an de Verkaf vu fäerdeg gedréinte Cannabiszigaretten (Jointen) gi verbueden.

Allgemeng Uspréch un d’Produzenten

E Produzent muss follgend Krittären erfëllen (onvollstänneg Oplëschtung).

  • De Produzent muss e Projet fir d’Ubaumethoden, d’Lagerung nom Eranhuelen, d’Qualitéitskontrollen, de Qualitéitsmanagementsystem an d’Cannabiszorte (zum Beispill d’THC-CBD-Verhältnis) virbereeden a virschloen.
  • De Produzent muss d’Produktqualitéitsnormen anhalen, déi fir déi ganz Produktiounsketten (Ubau, Verpakung, Lagerung asw.) festgeluecht gi mussen.
  • De Produzent ass fir d’Sécherheetsmoossname verantwortlech, besonnesch fir déi geséchert Lagerung vum Cannabis, an e muss fir e séchert a gesond Aarbechtsëmfeld suerge kënnen.
  • De Produzent muss sech verflichten, fir d’Réckverfollegung ausschliisslech déi Software ze benotzen, déi vum Kontrollorgan geliwwert gëtt, an déi et erlaabt, d’Beweegunge vun alle fäerdege Produkter ze verfollegen, soudatt dem Cannabis seng zoue (Produktiouns)ketten anstänneg iwwerwaacht gi kann.
  • De Produzent kritt keng Erlabnis, fir Onlineverkaf oder Liwwerdéngschter ze bedreiwen.

Lagerung a Qualitéitskontrollen

Am Konzept gëtt Wäert drop geluecht, datt Garantien agefouert ginn, fir engersäits d’Qualitéit vum Produkt wärend senger Lagerung ze sécheren, a fir anerersäits fir d’Sécherheet vun der Lagerung ze suergen.

Ausser de Qualitéitsuspréch fir den Ubau sollen och nach onofhängeg Qualitéitskontrollen an Analyse vum Cannabis agefouert ginn. Domat ass et méiglech, ze kontrolléieren, ob d’Produkt den Uspréch, déi d’Qualitéit (Schuedstoffer, Planzeschutzmëttel, Substrater asw.) an de Gehalt (THC an CBC) betreffen, gerecht gëtt.

Et ass wichteg, datt déi Qualitéitskontrolle vun enger zertifiéierter an onofhängeger Ariichtungduerchgefouert ginn, fir all Interessekonflikt ze vermeiden. Parallel dozou muss och duerfir gesuergt ginn, datt eng gutt landwirtschaftlech Praxis agehale gëtt.

Produktqualitéitsnormen

D’Qualitéit vum Cannabis fir net medezinesch Zwecker, dee vun den zeréckbehalene Produzente produzéiert gi soll, muss de Qualitéitsnormen entspriechen, déi an engem Règlement grand-ducal festgeluecht gi sollen.

D’Produzente gi verflicht, Cannabis ze produzéieren, deem seng Qualitéit mat den Ziler fir déi ëffentlech Gesondheet grad ewéi mat deem vun der schrëttweiser Schwächung vum illegale Maart kompatibel ass.

Transport

D’Liwwerkette vun de Produzente bis op d’Verkafsplaze soll vun de Produzenten organiséiert ginn. Se muss och transparent sinn, fir datt se kann iwwerwaacht ginn, a fir datt keng Ëffnung bei de kriminelle Milieu entstoe kann. D’Zouloossungskrittäre fir d’Transporteure ginn an der Reglementéierung präziséiert.

D’Zuel vun den Transportbeweegunge muss op de strikte Minimum begrenzt ginn, fir d’Risike vun enger Ëffnung an der zouener Ketten ze reduzéieren.

Déi ganz Ketten – Produktioun, Transport, Ausliwwerung a Verkaf vum Cannabis – gëtt vum Staat gereegelt a kontrolléiert, mat engem “Seed-to-Sale”-System.

 

Verkaf an Ausliwwerung

De Verkaf soll ausschliisslech a staatleche Verkafsplaze stattfannen. Fir offiziell opmaachen ze däerfen, muss eng Verkafsplaz fir d’éischt integral vun den zoustännege staatleche Servicer kontrolléiert ginn.

An enger éischter Phas gëtt virgeschloen, hir Zuel op véierzéng ze begrenzen. D’Verdeelung vun deene Verkafsplaze muss eng gewëssen Homogenitéit a geographescher Hisiicht anhalen, zousätzlech zu där, déi mat der Awunnerzuel zesummenhänkt. Domat geet et drëm, en interne Cannabisfräizäitkonsumtourismus zu Lëtzebuerg ze vermeiden.

D’Verkafsplaze sinn ausschliisslech fir de Verkaf vu Cannabis fir Fräizäitkonsum bestëmmt. De Staat oder Gesellschafte mat enger uerdnungsgemässer staatlecher Lizenz wäerten als exklusiv Fournisseure vun deene Verkafsplazen optrieden. Keen anere Fournisseur gëtt fir Cannabis fir net medezinesch Zwecker toleréiert. Et bléien déi direkt Annuléierung vun der Konzessioun grad ewéi zivil an/oder strofrechtlech Ukloen.

D’Verkafsplaze musse geséchert ginn, fir d’Clienten, d’Personal an d’Wueren, déi sech do befannen. Si sollen duerfir ze suergen, datt d’Produkter esou gelagert ginn, datt se hir Qualitéit behalen.

Ausserdeem soll d’Personal vun de Verkafsplazen eng ugepasst Ausbildung hunn, fir d’Clienten iwwert d’Aart a Weis, wéi ee Cannabis verantwortungsvoll konsuméiert, beroden an informéieren ze kënnen, a sou d’Risiken an d’Schied ze minimiséieren.

Parallel dozou gëtt duerfir gesuergt, datt genuch Präventiouns- a Sensibiliséierungsdokumenter zur Verfügung stinn. An deem Kontext liwwert de Staat oder eng berechtegt Organisatioun deenen zeréckbehalenen Händler sämtlecht Material, dat gebraucht gëtt, fir déi noutwenneg Präventiouns- a Sensibiliséierungsaufgaben z’erfëllen.

Et gëtt geroden, den Onlineverkaf an d’Liwwerdéngschter auszeschléissen.

Sämtlech Verkafsplazen, déi eng Konzessioun hunn, musse sech un d’Uspréch, déi am Cahier des Charges festgeluecht sinn, halen.

Déi eenzeg Clienten, deenen et erlaabt gëtt, Cannabis fir net medezinesch Zwecker ze kafen, sinn d’Awunner vu Lëtzebuerg, déi op d’mannst 18 Joer al sinn an déi d’Akafsbegrenzung vun 30 Gramm/Mount net iwwerschratt hunn.

D’Iwwerpréiwe vun de Rechter vun de Clientë leeft iwwer en Informatiounssystem, dee vum CTIE (Centre des technologies de l’information de l’Etat) geliwwert gëtt. (Méi iwwer d’Dateveraarbechtung ënnert der Fro 16).

Opgrond vum nationale Kontext gëtt geroden, datt de Grenzwäert net soll iwwer 30 Gramm gedréchente Cannabis pro Mount a pro Client leien. Ausserdeem mussen d’Verkafsplazen hire gemeinsamen informatesche System benotzen, fir duerfir ze suergen, datt déi maximal Quantitéit vu fënnef Gramm pro Dag, pro Akaf a pro Client net iwwerschratt gëtt. Déi Quantitéiten, déi kaf ginn, däerfen ausschliisslech fir de perséinleche Gebrauch bestëmmt sinn.

D’Konzept fir de legalen Zougang zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker stipuléiert, datt et an enger zweeter Phas drëm geet, eng koherent Struktur mat effektiven, ugepassten, verhältnisméissegen an ofschreckende Sanktiounen ze bilden. Sou ass virgesinn, datt souwuel administrativ wéi och strofrechtlechSanktiounen applizéiert kënne ginn.

Administrativ Sanktiounen

Als administrativ Sanktioune kënne follgend Beispiller, bei deenen et sech net ëm eng vollstänneg Opzielung handelt, genannt ginn:

  • administrativ Geldstrofen, wa Produzenten a Verkafsplazen hir Verflichtungen net agehalen hunn, mat der Méiglechkeet, datt d’ Strofe verduebelt ginn, wann déi Verflichtungen op en Neits net agehale ginn, zum Beispill beim Besëtz vu Quantitéiten, déi den erlaabte Grenzwäert iwwerschreiden,
  • Verkafsplazen oder Produktiounsstanduerten, déi (zäitweileg oder permanent) zougemaach ginn,
  • d’Annuléierung vun der Zouloossung fir eng Verkafsplaz oder fir e Produktiounsstanduert duerch dat nationaalt Kontrollorgan,
  • administrativ Geldstrofe beim Besëtz vu Cannabisquantitéiten, déi de legale Grenzwäert vu fënnef Gramm iwwerschreiden, oder wann en Erwuessenen an der Ëffentlechkeet Cannabis konsuméiert,
  • en (zäitweilegen oder permanente) Verbuet, op Verkafsplazen ze goen.

Strofrechtlech Sanktiounen

Et ass noutwenneg, bei der Repressioun am Beräich vum Rauschgëft net nozeloossen, zumools wann et ëm illegal Produktioun, illegalen Ubau an illegalen Handel vun/mat Cannabis an aneren illegalen Droge geet.

D’Konzept ënnersträicht, datt déi ëffentlech Gesondheet an déi ëffentlech Sécherheet mussen duerch verschäerft Gesetzer a verstäerkt Asätz geschützt ginn. Et geet drëm, fäeg ze sinn, am Zesummenhang mam Cannabis effikass op schwéier Verstéiss ze reagéieren a se ze bekämpfen, besonnesch wann et sech ëm de Verkaf an d’Verdeelen u Mannerjäreger, ëm de Verkaf ausserhalb vum gereegelte Kader oder ëm d’Fueren ënner Cannabisafloss handelt.

De Weiderverkaf an d’Verdeele vu Cannabis fir net medezinesch Zwecker u Mannerjäreger oder u Leit, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, solle verbuede ginn, an et sollen ofschreckend strofrechtlech Sanktiounen, inklusiv Fräiheetsstrofen, duerfir virgesi sinn.

Am Kader vum zukünftege Gesetzentworf fir d’Ëmsetzung vum Konzept gi sämtlech aktuell strofrechtlech Sanktioune kritesch analyséiert, besonnesch wann et ëm Verstéiss géint de Verbuet vum illegale Verkaf, vun der illegaler Produktioun a vum illegalen Handel vun/mat Cannabis geet (ob en aus der legaler Kette kënnt oder net). Et geet drëm, datt déi strofrechtlech Sanktiounen an deem Beräich eng kohärent an ugepasste Struktur bilden.

D’Regierung, d’Gemengen, d’Polizei an déi kompetent Autoritéite kréien d’Aufgab, z’iwwerwaachen, ob d’Reegelen an d’Gesetzgeebung, déi a Kraaft sinn, agehale ginn.

D’Konzept schléit vir, datt op d’mannst follgend Bestëmmungen am Gesetz solle stoen.

  • De Besëtz an den Transport vu Quantitéite bis zu 30 Gramm Cannabis sollen am ëffentleche Raum ausschliisslech an der versigelter Verpakung vun enger erlaabter Verkafsplaz erlaabt ginn.
  • De Besëtz an den Transport vu Quantitéite bis zu fënnef Gramm Cannabis (oder engem änleche Produkt) sollen am ëffentleche Raum erlaabt ginn, mat oder ouni Versigelung.
  • Mannerjäregen ënner 18 Joer soll et verbuede ginn, Cannabis ze besëtzen, souguer däers, deen et um legale Maart gëtt. Deemno wéi al en ass a wéi schlëmm säi Verstouss ass, solle fir dee Jonken entweeder d’Bestëmmunge vum Gesetz iwwer de Jugendschutz oder d’Bestëmmunge vum Strofrecht fir Mannerjäreger gëllen.
  • De Konsum vu Bléien oder Cannabishaarz op ëffentlechen an/oder ëffentlech zougängleche Plazen soll verbuede ginn. De Cannabiskonsum soll och op deene Plaze verbuede ginn, wou et verbueden ass ze fëmmen (Tubak oder elektronesch Zigaretten).
  • Erwuessene soll et verbuede ginn, Persounen, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, Cannabis ze verkafen oder gratis z’iwwerloossen.
  • Erwuessene soll et verbuede ginn, Mannerjärege Cannabis ze verkafen oder gratis z’iwwerloossen.
  • Enger Persoun, déi selwer kee Cannabis legal kafe kann, soll et verbuede ginn, eng aner Persoun, egal op wéi eng Manéier, dozou ze bréngen, fir si Cannabis ze kafen.
  • Et soll verbuede ginn, enger anerer Persoun Cannabis ze verkafen oder gratis z’iwwerloossen, souguer wann déi Persoun selwer legal Cannabis op enger erlaabter Verkafsplaz kafen däerf.
  • Op alle Plazen ausserhalb vum Privatberäich soll de Cannabiskonsum verbuede ginn.
  • De Besëtz vun enger Gesamtquantitéit vu méi wéi fënnef Gramm, déi net an hirer ursprénglecher, erlaabter, versigelter Verpakung ass, soll Erwuessenen an der Ëffentlechkeet verbuede ginn.

Fir de Stroosseverkéier gëtt keng Ännerung virgeschloen. De Grenzwäert (1 ng/ml THC), deen aktuell am Artikel 12 vum Code de la route virgeschriwwen ass, gëtt bäibehalen. Tatsächlech bedeit dee Grenzwäert, datt et keng Toleranz gëtt. Déi virgesinne strofrechtlech Sanktioune sinn eng Prisongsstrof vun aacht Deeg bis dräi Joer an eng Geldstrof vu 500 bis 10 000 Euro oder nëmmen eng vun deene Strofen.

Et gëtt geroden, bei engem Expert an deem Beräich eng Stellungnam ze froen, fir z’iwwerpréiwen, ob déi duerchgefouert Moossnamen op aktualiséierten, gültegen a stabille wëssenschaftleche Beweiser berouen, déi et erlaben, zouverlässeg festzestellen, ob de Chauffer d’Fäegkeeten huet, déi e brauch, fir mat engem Gefier ze fueren, oder ob déi Fäegkeeten ageschränkt sinn.

Referenzen

Projet “Cannabis récréatif” (2023) Disponibel op: https://gouvernement.lu/fr/dossiers.gouv_mj%2Bfr%2Bdossiers%2B2021%2BCannabis.html

Am aktuelle Kader fir de Jugendschutz gëtt et schonn eng Rei national psychosozial an therapeutesch Hëllefsoffere fir Jugendlecher, hir Familljen an déi betraffen Institutiounen, wa si mam Konsum vu legalen an illegale psychoaktive Substanzen vun engem Jugendleche konfrontéiert ginn.

Déi experimentell Bestëmmunge fir déi legal Beschafung vu Cannabis fir net medezinesch Zwecker sollen et erlaben, bestoend Moossname weider z’entwéckelen, fir negativ Konsequenzen ze begrenzen, déi de Konsum vu Cannabis fir net medezinesch Zwecker fir d’Gesondheet kann hunn. Déi experimentell Bestëmmunge bidden nämlech nei Méiglechkeeten, fir d’Präventiounsaarbecht z’entwéckelen. Sou kréien d’Konsumenten e besseren Zougang, an d’Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht gëtt duerch Präventiounsmeldunge vereinfacht.

Well Cannabis- an domat och Tubakkonsum mat der Reglementéierung eventuell méi attraktiv kéint ginn, sinn zousätzlech Präventiounsmoossnamen néideg, fir besonnesch bei deene Jonken eng Banaliséierung vum Cannabis- a vum Tubakkonsum ze verhënneren, a fir Niewewierkunge fir déi individuell a fir déi ëffentlech Gesondheet ze vermeiden.

Mat dësen universalen, selektiven an ugepassten Informatiouns- a Präventiounsmoossname soll schonn an der Grondschoul ugefaange ginn. Si sollen déi Jonk an hirem Liewensëmfeld, an hirem schouleschen Ëmfeld grad ewéi an hirer Fräizäit erreechen a gläichzäiteg routineméisseg an ofwiesslungsräich sinn. Et geet drëm, sech mam geleeëntleche Konsum ze befaassen, awer och risikoräich Konsummethoden z’erkennen. D’Informatioune solle sech mat alle verfügbare Medien an op alle verfügbaren Netzwierker spezifesch u verschidden Alters- an Zilgruppe riichten.

Et gëtt virgeschloen, datt d’Präventiounsstrategie engem ganzheetleche Konzept entsprieche soll. Dobäi geet et net nëmmen ëm Präventioun an ëm Risikobegrenzung beim Gebrauch a beim Mëssbrauch vu Cannabis. Doriwwer raus sollen och Konsumkompetenzen entwéckelt a Risikobewältegung geléiert ginn.

Et ass onëmgänglech, datt déi Jonk, hir Elteren, d’Léierpersonal, d’Betreier, d’Hausdokteren, d’Ausbilder a Gruppe vu Gläichaltregen an d’Präventiounsstrategië mat agebonne ginn. Ausserdeem musse sämtlech verfügbar digital Medien a soss Instrumenter fir d’Informatioun, fir d’Präventioun a fir d’Formatioun vun de Bedeelegte genotzt ginn.

Et ass ganz kloer, datt déi experimentell Bestëmmunge fir den Zougang zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker net dozou dénge sollen, de Konsum ze fërderen. Grad esou wéineg soll de Cannabiskonsum banaliséiert ginn. Vill méi geet et drëm, wëssenschaftlech bewäerten ze kënnen, ob d’Reegelung vum Konsum fir net medezinesch Zwecker – deen et, fir et einfach emol nach eng Kéier z’erwänen, schonn zanter Joerzéngte gëtt, obwuel en illegal ass – d’Risiken an d’Schied reduzéiere wäert, déi domat zesummenhänken.

Et ginn allerdéngs momentan net genuch zouverlässeg Daten, fir ze beweisen, datt e legalen Zougang zu enger zäitweileger oder dauerhafter Steigerung vum Cannabiskonsum féiert. Et gi wéineg Studien iwwer de legalen Zougang zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker, a se bidde keng eendeiteg Resultater, déi kloer Schlussfollgerungen erméigleche géifen. D’Feststellungen op anere Plazen (dorënner Kanada, Uruguay an e puer Staaten an den USA) kënnen nëmme begrenzt dozou déngen, eng Prognos fir Lëtzebuerg opzestellen, well de Kontext net dee selwechten ass, a well den Impakt vun de Gesetzgeebungen do réischt viru Kuerzem bewäert gouf.

Souwisou gëtt d’Konsumprävalenz als Kennzuel fir den Impakt vun enger Drogepolitik dacks iwwerschat. Dobäi ginn aner wichteg Kennzuele wéi de risikoräiche Konsum a säin Impakt op déi mental Gesondheet vernoléissegt. Fir sech net eleng mat der Konsumprävalenz als Kennzuel zefridden ze ginn a fir déi potenziell Schied duerch e risikoräicht Konsumverhalen ze begrenzen, schléit d’Konzept fir déi ëffentlech Gesondheet follgend grondleeënd Ziler vir:

  • d’Qualitéit vum Produkt sécheren (THC- an CBD-Konzentratioun, weeder Veronrengegungen, nach Kontaminatiounen, nach Streckmëttel asw.) a fir d’Sécherheet vum Produkt suergen (zum Beispill mat enger neutraler Verpakung a Warnetiketten), fir datt d’Konsumente wësse kënnen, wat se konsuméieren, a fir datt se verstänneg Entscheedungen treffe kënnen,
  • de risikoräiche Konsum an d’Ofhängegkeet reduzéieren,
  • d’Heefegkeet an d’Intensitéit vum Cannabiskonsum reduzéieren, besonnesch wat de Cannabis mat héijen THC- an niddregen CBC-Konzentratioune betrëfft,
  • risikoräicht Konsumverhale reduzéieren (zum Beispill wa Cannabis mat Tubak gefëmmt gëtt),
  • den Alter, wou d’Initiatioun an de Cannabiskonsum stattfënnt, eropsetzen,
  • déi Jonk mat verstäerkte Preventiounsmoossnamen an engem reduzéierte Cannabiskonsum schützen,
  • d’Unzéiungskraaft an d’Verbreedung vu syntheetesche Cannabinoiden andämmen.

Fir déi grondleeënd Ziler a Saachen ëffentlech Gesondheet z’erreechen a fir nom Akraafttriede vun där neier Reglementéierung eng Steigerung vum Konsum beim net medezinesche Cannabis ze vermeiden, gëtt e Schwéierpunkt op d’Präventiouns- an op d’Sensibiliséierungsaarbecht an der Ëffentlechkeet geluecht, besonnesch bei deene Jonken. (cf. Fro 13)

Fir festzestellen, ob d’Legaliséierung vum Zougang zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker zu enger Steigerung vum Konsum féiert, ass et noutwenneg, e Fuerschungsplang opzestellen, deen déi aktuell Situatioun (Baseline), dat heescht den Zäitraum virun der Ëmsetzung vun den experimentelle Bestëmmungen, mam Zäitraum no der Ëmsetzung vun den experimentelle Bestëmmunge vergläiche soll.

Deemno ginn d’Baseline-Daten duerch periodesch Analysen, déi den Zäitraum no der Ëmsetzung betreffen, vervollstännegt. An enker Zesummenaarbecht mat Experten aus verschiddene Beräicher geet et drëm 1) festzestellen, ob déi national experimentell Bestëmmungen hire Kennzuelen entspriechen an ob se hir Ziler anhalen, 2) déi nei Tendenzen an hiren Impakt op déi ëffentlech Gesondheet z’iwwerwaachen, besonnesch ënner dem Aspekt vun den Ännerunge an de Gewunnechten, déi mam Cannabiskonsum zesummenhänken, an 3) dat sachlecht Wëssen z’erweideren.

Et muss ervirgehuewe ginn, datt de legalen Zougang zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker duerch experimentell Bestëmmunge gereegelt gëtt, déi sech op d’Wëssenschaft beruffen, zäitweileg sinn, an deenen hiren Uwennungsberäich begrenzt ass. Se dénge virun allem dozou, bei der Schafung vun enger wëssenschaftlecher Basis ze hëllefen, déi op Tatsaache berout, soudatt geziilt Entscheedungen iwwer eventuell spéider Ännerungen an Ausriichtunge kënne geholl ginn. Wann d’Reglementéierung vum Zougang zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker also géif iwwer eng länger Dauer zu enger weesentlecher Steigerung vum Konsum féieren, géif de Bestëmmungen hiren experimentelle Charakter et erméiglechen, Moossnamen ëmzesetzen, fir esou eng Tendenz anzedämmen.

Am Pilotprojet ass de Mindestalter vun 18 Joer fir de legalen Zougang festgehalen. Deemno wäert de Konsum vu Cannabis fir Mannerjäreger weiderhi verbuede bleiwen.

D’Festsetzung vun engem legalen Alter ass fir de Legislateur en Dilemma. Wann de Mindestalter fir de legalen Zougang nämlech op 18 Joer festgesat gëtt, gëtt de Resultater vun de wëssenschaftleche Fuerschungen am Beräich vun der Gehierentwécklung an de méigleche Schied, déi domat zesummenhänken, net ganz Rechnung gedroen. Wann awer de Mindestalter op 21 oder op 25 Joer eropgesat gëtt, kritt deen Deel vun der Bevëlkerung, an där de Cannabiskonsum am meeschte verbreet ass, keen Zougang zu legalem Cannabis mat enger kontrolléierter Qualitéit. Déi Altersgrupp (zu där och Mannerjäreger gehéieren) wär also der Offer, déi um illegale Maart iwweregbleift, an hire Risiken ausgesat.

Ausserdeem ass festgesat, datt ee mat 18 Joer volljäreg an deemno och eegeverantwortlech ass. Et kéint also bedenklech oder esouguer widderspréchlech sinn, eng Persoun vun 18 Joer fir sämtlech Aspekter vun hirem Liewen als verantwortlech ze betruechten, ausser wa se soll entscheeden, ob se wëll Cannabis konsuméieren.

Dovun ofgesi geet et net duer, e legale Mindestalter vun 18 Joer virzeschreiwen, fir legal Cannabis fir net medezinesch Zwecker kënnen ze kréien, fir bei Jonken a Mannerjäregen de Reiz vun där Substanz an hirer Wierkung einfach auszeschalten. Ëmsou manner wa gewosst ass, datt zu Lëtzebuerg 18,2% vun de 15- bis 18-Järege scho Cannabis konsuméiert hunn.

Wann e legale Mindestalter vun 18 Joer fir den Zougang virgeschriwwe gëtt – an et sief drun erënnert, datt dat an deem Fall näischt weider ewéi e vertriebare Kompromëss ass –, geet et net drëm, Mannerjäreger bei engem Verstouss ondifferenzéiert ze bestrofen, mä de Moment ze notzen, fir mat deene betraffene Jonken iwwer hire Konsum ze schwätzen an deemno wéi de risikoräiche Konsum oder de Kontext vum Konsum unzeschwätzen. Soudatt et der Präventioun an der Risikoreduzéierung zeguttkënnt.

Dem Konzept no ass et weesentlech, eng global Informatiouns-, Erzéiungs-, Präventiouns- a Kommunikatiounsstrategie unzewennen, déi spezifesch op déi Jonk ausgeriicht ass.

Fir e Client op enger Verkafsplaz z’identifizéieren, muss de Verkeefer de Client am System umellen, dee vum nationale Kontrollorgan installéiert an iwwerwaacht gëtt.

De System muss am Hannergrond mam RNPP (Registre national des personnes physiques) verbonne ginn, fir datt iwwerpréift gi kann, ob de Client wierklech zu Lëtzebuerg wunnt an ob en al genuch ass, fir op eng Verkafsplaz ze kommen an e Produkt ze kafen.

Ausserdeem muss de System mat der zentraler Datebank verbonne ginn, fir z’iwwerpréiwen, ob de Client d’Quantitéit, déi pro Mount erlaabt ass, nach net iwwerschratt huet.

D’Verkeefer kréie keen Zougang zu deene verschiddenen Datebanken, vun deene rieds goung. Si sollen nëmmen iwwerpréiwe kënnen, ob déi virausgesate Bedéngungen erfëllt sinn oder net. Nëmme wann déi dräi Bedéngungen (Wunnsëtz, Alter, pro Mount erlaabte Quantitéit) erfëllt sinn, däerfen d’Verkeefer de Verkaf vum Produkt duerchféieren.

Et soll eng Ariichtung bestëmmt ginn, déi als vertrauenswierdegen Drëtten optrëtt, an déi d’Aufgab kritt, sämtlech Informatiounen ze pseudonymiséieren, éier s’un déi zoustänneg Autoritéit weidergeleet ginn. Zu kengem Zäitpunkt wäert dat nationaalt Kontrollorgan dem Client seng Identitéit kënne rëmfannen.

Follgend Date gi pseudonymiséiert an héchstens zwee Joer laang an der nationaler Datebank gespäichert.

Fir all Verkaf:

  • dem Client säi Pseudonym,
  • dem Client säin Alter,
  • den eendeitege Code vum Produkt,
  • dem Client säi Geschlecht,
  • de Kanton, wou de Client ugemellt ass.

Et gëtt geroden, déi pseudonymiséiert Daten zwee Joer laang ze späicheren a se duerno z’anonymiséieren. Déi Date gi fir statistesch Studie benotzt. Nëmmen de vertrauenswierdegen Drëtten däerf d’Pseudonymiséierung op Uerder réckgängeg maachen.