Autres sites

EEGENUBAU VU CANNABIS DOHEEM (1. ETAPP)

D’Legaliséierung vum Ubau doheem an Entkorrektionaliséierung vu klenge Cannabisquantitéiten op ëffentleche Plaze sinn eng éischt Etapp vun der Ëmsetzung vum experimentellen Dispositiv fir déi legal Beschafung vu Cannabis fir net medezinesch Zwecker.

D’Regierung huet sech fir eng Reglementéierung vum Cannabisubau doheem entscheet, fir
de Konsum an d’Risike grad ewéi d’Schied, déi domat zesummenhänken, ze reduzéieren. Dës Entscheedung entsprécht enger aktiver a konstruktiver Approche am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet, déi engem politesche Wëlle follegt, fir e Gläichgewiicht tëscht der Präventioun, der Reduzéierung vun de Risiken an der Kriminalitéitsbekämpfung ze fannen.

Weider Informatioune fannt Dir am offizielle Flyer zum Eegebau vu Cannabis doheem.

Den Ubau, de Konsum, de Besëtz, de Verkaf vun Drogen an anere kontrolléierte Substanze grad esou wéi den Handel domat, ginn duerch dat geännert Gesetz vum 19. Februar 1973 iwwer de Verkaf vu medikamentéise Substanzen an d’Suchtbekämpfung reglementéiert a sanktionéiert.

Déi nei national Gesetzgeebung déi de privaten Ubau doheem erlaabt, ënnerläit dem Gesetz vum 10. Juli 2023 iwwer d’Ännerung vum geännerte Gesetz vum 19. Februar 1973 betreffend de Verkaf vu medikamentéise Substanzen an der Suchtbekämpfung.

Dat neit Gesetz, wat säit dem 21. Juli 2023 a Kraaft ass, erlaabt den Ubau vu maximal véier Cannabisplanze pro Haushaltsgemeinschaft, doheem oder um gewéinleche Wunnsëtz vun der betreffender groussjäreger Persoun. Et däerf nëmmen unhand vu Som ugebaut ginn an dëst ausschliisslech vun enger groussjäreger Persoun. D’Planzen dierfen net vun ëffentleche Plazen aus siichtbar sinn.

All Erwuessenen ass et deemno erlaabt den eegen ugebaute Cannabis a sengem Domizil oder a sengem gewéinleche Wunnsëtz ze consomméieren.

Et ass net erlaabt Cannabisplanzen ze kafe fir se doheem ze ziichten. D’Planzen däerfe just aus Som geziicht ginn.

Et däerfen net méi wéi véier Planzen ugebaut ginn.

De Konsum an der Ëffentlechkeet an op Plazen ausserhalb vun der Plaz vum Ubau ass verbueden. De Besëtz vu Cannabis an der Ëffentlechkeet, den Transport an d’Acquisitioun sinn och verbueden, grad souwéi d’Deele vum eegen ugebaute Cannabis mat Persounen ausserhalb vun der Haushaltsgemeinschaft.

Mannerjäreger däerfe weiderhi kee Cannabis consomméieren. Groussjäreg Persounen däerfe kee Cannabis a Presenz vu Mannerjäregen oder zesumme mat Mannerjärege consomméieren.

Am Gesetz vum 10. Juli 2023 iwwer d’Ännerung vum geännerte Gesetz vum 19. Februar 1973 betreffend de Verkaf vu medikamentéise Substanzen an der Suchtbekämpfung, si weider verbuede Verhalen an Handlungen am Zesummenhang mam Cannabis opgelëscht.

Eng Haushaltsgemeinschaft besteet aus alle Persounen, déi an engem gemeinsame Foyer wunnen an déi iwwert e gemeinsame Budget verfügen.

Wat de Besëtz vu klenge Quantitéite vu Cannabis am ëffentleche Raum ugeet, ass eng Entkorrektionaliséierung vun de strofrechtleche Sanktioune virgesinn, grad esou wéi eng vereinfacht strofrechtlech Prozedur fir volljäreg Persounen, déi am ëffentleche Raum net méi wéi dräi Gramm Cannabis bei sech hunn, transportéieren oder kafen.

Wann déi gesetzlech Virschrëften net agehale ginn, gesäit dat neit Gesetz, ënner anerem, folgend strofrechtlech Sanktioune vir:

  • Fir de Konsum am ëffentleche Raum oder ausserhalb vun der Plaz wou de Cannabis ugebaut gouf, grad esou wéi fir den Transport, de Besëtz an d’Beschafung vu Quantitéite bis zu dräi Gramm ass en Avertissement taxé vun 145 € virgesinn oder eng Amende vun tëschent 25 € bis 500 €. Dës Sanktioune gëllen awer net fir Persounen déi Cannabis consomméieren, déi si fir medezinesch Zwecker verschriwwe kruten.
  • Gëtt de Grenzwäert vun dräi Gramm iwwerschratt, kënne Prisongsstrofe vun aacht Deeg bis sechs Méint an/oder eng Amende vun 251 € bis 2500 € méiglech sinn.
  • Beim Konsum vu Cannabis op der Aarbechtsplaz, an de Schoulen oder virun engem oder méi Mannerjäregen si Prisongsstrofe vun aacht Deeg bis sechs Méint an/oder eng Amende vun 251 € bis 2.500 € méiglech.
  • Beim Konsum vu Cannabis zesumme mat engem oder méi Mannerjäregen si Prisongsstrofe vu sechs Méint bis zwee Joer an/oder eng Amende vun 500 € bis 25.000 € méiglech.
  • Gëtt de Standuert vum Ubau (dat heescht den Domizil oder de gewéinleche Wunnsëtz) net agehalen an huet eng Haushaltsgemeinschaft méi wéi véier Cannabisplanzen, da si Prisongsstrofe vun aacht Deeg bis fënnef Joer an/oder eng Amende vu 500 € bis 250.000 € méiglech.

Nee. Am Kader vum neie Gesetz, wat den Ubau vu Cannabis doheem erlaabt, ass keng Ännerung virgesi wat d’Autofueren ënner Drogenafloss ubelaangt. Esou ass et verbueden ënnert dem Afloss vu Cannabis ze fueren; de legale Grenzwäert, dee vum Code de la Route virgesinn ass, entsprécht dem Prinzip vun der Null Toleranz. Laut dem Code de la Route gëlle fir all Chauffeur vun engem Gefier, grad esou wéi fir all Foussgänger déi an een Accident verwéckelt sinn, a bei deenen e THC-Serumspigel iwwer 1ng/ml festgestallt gouf, Prisongsstrofe vun aacht Deeg bis dräi Joer an/oder eng Amende vu 500 € bis 10.000 €.

De Cannabissom fir de Privatubau gëtt net méi als Drog ugesinn a kann am Handel oder Online kaf ginn. Well nach keng Lëscht vun de Commercen déi Geseems verkafe virläit, soll ee sech am Beschten direkt bei de Geschäfter renseignéieren.